Double click to start editing the text

Nordstad

NEE

Léiff Nord-Statistinnen an Nord-Statisten

Nordstad Nee

Prestige-Projet zu Ierpeldeng


Et si vun 1999 bis 2025 also 560 Leit bäikomm zu Ierpeldeng, also komme bis 2036 no de Berechnunge wéi et bis elo war an der Entwécklung déi ganz Positiv ugeholl gëtt bis 2036, 500 Leit mat 42 Kanner bei. Et si momentan 221 Kanner + déi 42 Kanner déi dobäi kommen dann 263 Kanner.

No der Ausso am LWort soll „ Sie wird Platz für doppelt so viele Kinder bieten wie die heutige Schule.„ stellt sech fro wou déi vill Kanner hier kommen „ dat duebelt vun 221 = 442 Kanner „an enger Zäit wou dach ëmmer manner Kanner gebuer ginn.

E Projet deen mat 57-Milliounen ugesat ass a fir eng Gemeng oder de Staat gebaut gëtt, gëtt net fir deen Preis fäerdeg gestallt. Et kommen ëmmer Saachen dobäi déi kee Mënsch konnt am viraus wëssen an dofir gi mir vun engem Preis bei fäerdegstelle vu 70-80 Milliounen aus.

Dat een dofir onbedéngt eng Nordstad braucht fir esou een „Prestige-Projet „ op Been ze stellen a bezuelen ze kënnen ass jo da kloer.

Also de Referendum  „ la date du référendum est le 23 novembre 2025. „ muss do positiv ausgoen an dofir gëtt alles gemaach dat Bevëlkerung „ nolens volens „ dofir stemmt.

Wann ech am viraus vun aneren Nordstad-Gemenge gesot kréich dat meng Problemer an der Gemeng "Pille-Palle " wären (RTL 18.7.2025: an Ierpeldeng stellt sech och elo deels queesch wéinst enger Wandmillen no bei Bierden. ), wat géif ech do oppasse fir vun deenen fort ze kommen.


Bonjour


Dir huet am Telecran geschriwwe wann ee Froen oder Ureegungen hätt, da soll een sech bei Iech mellen.

Ma mir wollten Iech froen op et net eng Iddi wär iwwert Fusioune vu Gemengen emol e Bericht ze maachen. (  et gëtt net einfach )

Et soll ee Reporter sinn dee guer näischt mat der Nordstad oder soss aner Fusioune vu Gemengen ze dinn huet.


Momentan ass et jo esou, dat iwwert Fusiounen ouni Fakten, mat Aussoe wéi: 

et wäert duerno Alles besser sinn,

mir sti voll hannen drun, kennt Fusioun net,

da kenne mir Gemeng sou net méi halen, usw ….

Also keng Fakten, Bla, Bla Aussoen,

a mat enger klorer positiver Ausso fir Nordstad am LW, mat Uschëllegungen un déi, déi géint Nordstad sinn,

an nëmme mat Undeitunge geschriwwe gëtt.

„Krisensitzung in Erpeldingen und ein klares Bekenntnis in Schieren

Nordstad-Sprecher „Bettendorf ist zweigleisig gefahren“

Ettelbrück steht voll hinter der Nordstad-Idee

Zu Bierden leeft eng Biergerinitiativ géint ee Wandrad Stuerm“

Demokratie gëtt a Fro gestallt vun engem Staatsrechtler, den Ënnergang vu Lëtzebuerg ass do.


Kennt Dir net emol e Bericht maachen wou Dir neutral Fakte liwwert, sou dat een sech eng fundéiert Meenung ka maachen.

Wéi grouss waren déi Gemengen déi fusionéiert sinn?

Wéi vill Scholden haten se, wéi vill hunn se der Haut, wéi sinn se opgedeelt, ween huet misste bei leeën?

Wéi ass et matt der Infrastruktur, Schoulen, Waasser, Offall, wéi vill Leit si bäikomm, wéi vill Gemengepersonal gouf gespuert, oder net?

Wéi weit ass Gemeng fir Leit fort am Ënnerscheed vu Fréier?

Wien bestëmmt elo an der Fusiounsgemeng, hunn se All déi gläiche Stemme Wäert?

Wéi ass et mat de Wunnengen, mat de Geschäfter?

Wéi ass et mat de Clibb déi jo gemengt hunn se kräischen méi Leit bei an et géif Alles besser?

Wéi ass et matt den DR.,mat Hëllef fir déi eeler Leit?

Wat denke Leit an de Fusiounsgemenge vun der Fusioun, géifen se et nach emol maache. Wa jo, woufir, wann nee, aus wéi enge Grënn? 


Ass et net méiglech dat Gemengen zesumme schaffen ouni Fusioun, en Zweckverband?

Wann no 50 Joer Gespréicher Nordstad nach ëmmer näischt Konkretes um Dësch leit, wat soll een dann dovun denken, wat soll ee maachen.

 

Dir géift de Leit bestëmmt hëllefen, Drock aus dem Kessel huele wann Dir dat emol géift recherchéieren esou dat een emol wéist, wouerem et géif goen, da wär Zäit vun den 3 Afen eriwwer.

Mat der Hoffnung, dat Dir dat maacht wou mir u keng Fakten eru kommen, dat Dir zu enger Opklärung vum net wëssen Dschungel bäidrot,


mbG

Nordstad Nee



Huet schonns Een eppes Genaues héiere wat dat gëtt oder soll sinn déi Nordstad?

Héiert Dir och nëmme vill Wierder, Worthülsen ouni Bedeitung wéi e Politiker et mécht wann en näischt versteet oder dovu weess?

Maachen déi „ fantastic 4“ erëm eng Aarbechtsgrupp op, wou se Problemer verstoppe kenne soudatt et de Bierger net opfält dat se verblöt ginn an da keng Froe stelle, well se näischt gewuer ginn?

Kréie Bierger erëm gesot dat et demokratesch géif zou goen, awer Bierger är se wielen ginn esou falsch Informatioune kréien dat se schonns beaflosst goufen är se wielen, an dat et de Bierger mat sou villen falsch Informatiounen net méi opfält dat se hannergaange gi sënn,bis se gewielt hunn.
(dann fiel es ihnen wie Schuppen von den Augen).

O Trauerspill

Cui bono


Nordstad Idee ass schongs vun 1973 u gebuer ginn.1990 ass  Iddi vun der Nordstad méi konkret ginn.Am Joer 2000 huet se sech weider entwéckelt,2018 ass se nach méi serieux ginn déi Iddi.

Wann ech esou e Projet giff ufänken géiff,da géiff ech éischt e Referendum iwwert Fusioun machen an da eréicht richtig lass fueren.

Wann Bierger dogéint wären dann hätt een sech all déi Arbecht spueren kennen.Awer lo hi goen fir ze soen, lo hu mir souvill Arbecht dra gestach,lo kenne mir net méi zeréck.

Ech ka mir net virstellen dat een sech en Haus bauen léisst, an dann duerno mam Architekt de Plang besprecht  wéi Haus duerno soll ausgesinn a wéi eng Stécker Buedem ee muss kafen vir ze bauen, dat ass dat watt Nordstad-Fusioun ass,funn de Féiss op de Kapp gestallt.Et ass alles rouig bis op emol een erem Eppes héiert,awer all déi Stécker vum Puzzel ginn kee ganzt Bild.

Wat ass dat dann, wann een Bettenduerf noleeft dat se bei der Fusioun sollen derbäi bleiwen, se sou wichteg wären, ouhni si näischt giff goen.A wann dann no all Tricken déi ugewannt si ginn (nemmen positiv Berichter beim LW, RTL, ouhni dat een drun denkt dat net alles positiv ka sinn,an die Berichter sollen neutral sinn) an Bettenduerf dann awer aus der Fusioun raus ass, Bettenduerf mat de Wierder entléisst, dat et gut ass dat se fort sinn, dat et elo géing vill besser goen ouhni Bettenduerf, dat sie emmer e Steen um Been gewies wären, da kann een sech jo virstellen wat geschitt wär, wann se dobäi bliwwen wären, elo hunn déi aner 4 Gemengen emol éierlech hier Meenung zum beschte ginn.

Wann ech da gesinn dat se de Burgermeeschter aus enger klenger Gemeng als President hunn, vir him ze weisen wéi wichtech déi Gemeng wär, dann denken ech dat se een gebraucht hunn deen Arbecht mecht,dat, dat dann durno deen President eng wichtig a matt bestemmen kann wann Fusioun färdeg ass, bezweifelen ech.( der mohr hat seine schuldigkeit getan).

Ierpeldeng huet de Pech dat se zweschen Dikrich ann Ettelbréck leien (soss bräicht een se jo nett ),awer och net sou richtig sinn se verbonnen weil se leien an engem Dall erann an den Zuch an Sauer déi verhenneren den Zesummeschloss.

Wofir get Erpeldéng gebraucht.

Se kréien eng Haltestatioun fir den Zuch mat enger grousser Parkplaz dat Pendler dohinner parke kennen goen ( Ettelbréckerstroos gett jo fir mobilité douce zou gemach an da kommen se vum Friedhaff erof an de rond-point a ginn lanscht Laduno op déi Parkplaz )

Mir brauchen nach Plaze fir Hellefsbedürfteg Leit a Flüchtlinge ( um Härebierg war et fir 5 Joer geduecht et sinn der awer lo 10 Joer, mir brauche nach Plaz)

Vir Energie hier zestellen huet Ierpeldéng vill Plaz.

Wien mengt dann éierlech wann Fusioun färdech ass, dat Iepeldéng nach eppes ze kamellen hätt.Dreemt wieder.

Dofir léif Ierpeldénger,dir hutt elo nach eng Chance fir fort ze kommen, notzt se.

Et ass besser 5 Minuten virum Bestietness nee ze soen , wéi duerno sech scheeden ze loossen wat an dem hei fall vun der Fusioun net méi geet ( mit gegangen,mit gefangen, mit gehangen)

Losst eech net erpressen,stellt äre Mann a sot NEE, wéi all wierdigen mat engem A…. an der Bochs dat géiff machen.

Stellt Iech fro „ cui bono „

Et senn net Bierger,et sinn Eenzelner. Gemengen kennen och zesummen schaffen, Material notzen, méi Geld vum Staat kréien, ouni bestued ze sinn,de Staat huet jo unerkannt dat een sech och pachsen kann oder einfach sou zesumme liewen fir eng Gemeinschaft ze sinn.

Nordstad Nee



Double click to start editing the text

Double click to start editing the text

Se kennen et net loossen

Bettendorf, was für ein Kuddelmuddel!


Bonjour



Dir Mme. Figut hutt de  selweschte Fehler geschriwwen wéi den H.Nico Muller an den H.Bingenheimer am Wort,


et steet och falsch am Telecran


" Rund 57 Prozent der Bürgerinnen und Bürger hatten sich beim Referendum für die Fusion ausgesprochen "



Et war net 57% vun  de Bierger, 50% vun 1696 Bierger sinn 848 an net 741,et war Mehrheet vun Deenen déi gewielt hunn.


Et deet mir Leed wann ech ëmmer de selwechten Feeler muss liesen,ech hunn dem Wort schonns puermol geschriwwen an drop higewisen,

awer et kennt mir fir wéi wann dir et express maache géift fir Stëmmung nach méi kachen ze doen.Ech wär Iech dankbar wa Wort géif

Tatsaachen schreiwen an net esou hallef "Fake News".


mbg.   Schmit Pir

LuxWort 8.5.2025


Concept de Mobilité Diekirch Al Seeërei de 14.10.2024


Aus meeschtens gutt informéierter Quell gëtt sech gewonnert dat ee H.Charel W.aus Dikrich (den Numm ass der Redaktioun bekannt) net weess,wat op der Säit vun der Gemeng Dikrich steet. Ënnert „ Actualité, Réunion publique - Concept de Mobilité Diekirch „ steet ze liesen dat Ficellesbréck fir Foussgänger an eng Bréck fir de Verkéier ëmgewandelt gëtt, an dat brauch seng Zäit. Des Weideren muss een sech froe woufir dat elo de Verkéier duerch eng 30 km Wunnzon soll fléissen. Ma wann een de Concept liest gëtt den erweiderte Centre-ville an eng Begéinungs-Zone ëmgewandelt wou kee motoriséierte Verkéier soll statt fannen. Sou gëtt de Centre-ville: Rue du Pont dann och fir den Duerchgangsverkéier gespaart, wat da mat sech bréngt dat se Ficellesbréck mussen ersetzen. Do muss een der Gemeng gratuléieren dat se souvill Rücksicht op Rollatoren a Rollstill hëlt. Da wäerte jo och déi E Scooter a Renn-Vëloe verschwannen déi een iwwert de Koup rennen.


In Bettendorf deutet sich eine fünfte Runde bei den Fusionsgesprächen an

Et ass wéi um Karussell,wien et falsch mécht,deen dréint nach eng Ronn,dat do kenne mir nach laang maachen,mir fannen ëmmer Eppes,dat ass eist Spill,dovu versti mir eppes,dir gitt nach emol Botter weech,dir kommt ugekroch vir däerfen an der Nordstad matt ze maachen.


Iwwerleeungen zum Wort Interview:


Nordstad-Sprecher: „Bettendorf ist zweigleisig gefahren“


„Wenn alle an einem Strang ziehen, wäre es wahrscheinlich auch zu fünft machbar gewesen.“

Vun Ufank u waren se sich eens dat et zu Véier besser geet. (Fro war wéi gi mir Bettenduerf ganz lues, hannerem lass, ouni dat se Eppes mierken)


„Undemokratische Entscheidung, Den Willen einer Mehrheit der Bürger zu ignorieren“

Et war net Mehrheet vun de Bierger, 50% vun 1696 sinn 848 an net 741,et war Mehrheet vun Deenen déi gewielt hunn.

Ech freeën mech ze gesi wann Ettelbréckerstrooss zou gemaach gëtt fir ze gesi wat se maachen wa wéi bis lo gewosst iwwert 80% vun de Leit dat net wëllen, an der Saachen ginn et nach méi, Kucken dann emol wéi se dann Demokratie buschtawéieren?


am Referendum war bis lo virgesinn:

„Ob eine Fusion stattfinden soll oder nicht, werden schließlich die Bürger*innen

in einem Referendum, also einerJa/Nein-Abstimmung, befragt.

Die Gemeinderäte und das Parlament werden daraufhin über eine Gemeindefusion entscheiden.“

https://www.nordstad.lu/files/101223.pdf     Säit 53


Lo koum eng Ännerung well Nordstad nogelies huet wat se selwer geschriwwen haten.

„Beim Referendum 2027 wird das sicher nicht passieren. Dann werden sich alle Gemeinden an die Entscheidung der Bürger halten. Das haben wir uns jedenfalls auf die Fahne geschrieben.“

Arme Fendel a ween ass Wir?. An dann 2027 geet et sou wéi den Adenauer et schonns gesot huet

"Wat interesséiert mech mäi Geschwätz vu Gëschter" Wer einmal Lügt, dem glaubt man nicht.


Nëmmen Bettenduerf schold, Nordstad seet net, dat och si villäicht Feeler gemaach hunn, och keng Entschëllegung, bei enger Scheedung ass seelen 1 eleng schëlleg.

„Bettendorf fragte, dass bereits in diesem Jahr eine Zwischenbilanz über den Fortgang der Verhandlungen vorgelegt wird.“

Nu stellt Iech dat vir, lo wollt Bettenduerf wëssen wou een drun ass mat der Nordstad är se eng Entscheedung treffen iwwert Nordstad, wou gëtt et dann dat, dat een am viraus weess wat ee keeft (De Spriecher vum Faubourg Ierpeldeng weist seng ENTRËSCHTUNG iwwert sou eng Ufro)


„Man hätte alle Fragen gemeinsam behandeln können“ iwwert 20 Joer Zäit mat kengem bekannte Resultat.


„Bettendorf zweigleisig gefahren ist“,

Luef u Bettenduerf fir Hier Wäitsiicht dat een op 2 Gleiser fiert. Dat Haaptgleis war Nordstad an Niewegleis war fir ze kucke wann et Schief geet. Wou ass de Plang B bei der Nordstad deen, dee Bettenduerf huet.


„Bei einigen Entscheidungen, die die Nordstad betrafen, war eine gewisse Skepsis zu spüren“.

Wann ee spiert dat eppes a Bréch geet da muss een sech dann nach méi Méi gi fir Deen ze halen deen ee jo sou gäre wëllt.(méi op Bedenken a Bedürfnisser agoen aplaz et sou wäit kommen ze loossen. Wann ech eppes well, stellen ech keng ultimativ Fuerderungen, mee kucken a klenge Schrëtt op eneen zouzegoen wat och bedeit dat Jiddereen verzichte muss.


Gegebenheeten um Terrain sinn dat Gilsduerf mat Dikrich zesumme gewuess ass sou wéi Angelduerf och, dofir kann ee jo Dikrich mat Gilsduerf an Angelduerf zesummen doen a Schieren a Waarken mat Ettelbréck.Ierpeldeng kritt dann eng Gare wou mer Problemer vun der Ettelbrécker Gare an Ëmgéigend, a Problemer vun Dikrich auslageren. Mir bauen eng Parkplaz zu Ierpeldeng fir 5000 Autoen dat „mobilité douce“ ka kommen, an d`Laduno baue mir aus vir 1000 Demandeur d'asile ,dann nach e puer Wandmillen an de Problem ass geléist.


„Glücklicherweise hatten wir nämlich schon im vergangenen Jahr die Entscheidung getroffen, die Verhandlungen provisorisch zu viert weiterzutreiben.“

Lo weist Nordstad dat richtegt Gesiicht, Lo wou Bettenduerf raus ass gëtt de Spriecher vun der Nordstad ,aus dem Faubourg Ierpeldeng, endlech zou dat se schonns iwwert 1 Joer Verhandlungen haten ouni Bettenduerf. Demokratie léisst gréissen.


„Es kann nicht sein, dass wir jetzt im Streit verbleiben.“

Se maachen awer och näischt fir erëm Frënn ze ginn?


„klären Fragen etwa rund um Personal, Reglemente und Taxen. Des Weiteren treffen sich Vertreter der technischen Dienste regelmäßig zum Austausch. Dort wird eine Bestandsaufnahme der Gemeindegebäude sowie das Inventar des Fuhrparks und die Analyse von Infrastrukturen gemacht. Eine weitere Arbeitsgruppe macht sich Gedanken über schulische Anforderungen, wobei aber jetzt schon feststeht, dass die regionalen Schulen bestehen bleiben. Ein externes Büro nimmt die Finanzen der vier Gemeinden unter die Lupe, wobei das Ziel lautet, das Investitionspotential einer fusionierten Nordstad-Gemeinde herauszufinden.“

Dat kann een och maachen wann ee Gemenge bestoe léist, Zesumme schaffe war nach ëmmer eng gutt Iddi dofir muss een net am gläichen Haus wunnen.


„Wir müssen jetzt alle sehr viel Energie aufbringen und an einem Strang ziehen.“

Woufir hunn se virdrun keng Energie op bruecht an Alles schleefe gelooss.


Méi eng traureg Geschicht gëtt et nëmmen bäi „Grimms Märchen“ awer am Géigesaz zur Nordstad haten déi Märercher e glécklechen Ausgang.


Léif Matbiergerinnen a Matbierger


Respekt virun der Decisioun vun de Gemengeresponsabele vu Bettenduerf. Trotz Bashing,an dem Drock vu baussen hunn se och vir zweet eng Decisioun getraff, vir hir Gemeng an hier Bierger,ouni no Sech oder den nächste Walen ze kucken, dat nennt een, en A…. an der Bocks ze hunn.

Wann een da liest se wären e Bremser gewiescht (Bremse sinn och wichteg am Liewen) dat Ganzt boykottéiert , an elo wou se fort wäre géif Nordstad innerhalb vu kuerzem  zustane kommen (no iwwert 20 Joer) wann dat de de geeschtegen Nährbuedem ass vu Politeschen Aussoen, mat sou Scholdzouweisungen, da verstinn ech woufir een net méi matspillt.

Sou gekuckt hunn se lo e Schëllege fir all déi Problemer déi se net an iwwert 20 Joer geléist krute. Wann Nordstad sou gutt wär ,géif se sech vum selwen verkafen a Leit géifen Kaméidi schloe woufir se nach net do ass.

Wéi gesot ginn ass, zu Véier geet et besser wéi zu fënnef, da froen ech mech wann Meenung ass dat wann et der manner sinn geet et Besser, wéini dat Erkentniss kennt dat et Aleng am beschte geet.

Et kann een eng Cooperative grënne wou de Staat Suen och ka gi wéi fir eng Nordstad.Déi Gemengen aus der Cooperative gesinn sech dann all 2-3 Méint a tour de rôle an enger Gemeng a beschwätze wat se zesumme maache solle fir Problemer ze léisen.

Wann dat mam Pacte Logement sou schwéier ass vir eng méi kleng Gemeng, da muss een net zesumme goe an enger Nordstad, mee Basis vun der Ufro vum Pacte Logement änneren,esou dat Jidderee matkënnt.

Et sollt och emol Colmer zur Nordstad gehéieren awer well déi zum Zentrum zielen a Schieren dotëschent leit ass dat du kee Problem gewiescht dat se net bei der Nordstad dobäi sinn,ouni Hinne reproschen ze maachen.Awer wa Bettenduerf et ass,wou Gilsduerf dotëschent leit, do geet Welt ënner.

Et weist jo gutt wéi Nordstad soll gi wa lo gefuerdert gëtt,geheit Bettenduerf aus Alles raus, Zano, CGDIS, Schoul, Schwemm, Musekschoul Schülertransport usw.

Sidd dir an enger Nordstad zesummen dann ass Kontroll iwwert dat wat geschitt fort,Majoritéit bestëmmt iwwert dat wat geschitt, op et dem Faubourg Bettendorf, Erpeldange oder Schieren gutt kënnt oder net. Stemmgewiicht kann net verdeelt sinn dat all Gemeng gläich staark ass, wéi am richtege Liewen ass et och hei, Deen, dee méi matbréngt kritt och méi.

Wa Sue vum Staat komme vir Nordstad da ginn déi prozentual opgedeelt op gréisst vun den dann eemolegen Gemengen ,a wat méi Suen dosinn gëtt een se aus, ob dat ëmmer sënnvoll Projete sinn an dem Bierger déngen?

Wann Geld vum Staat dat eenzegt ass woufir een zesumme well goen dann huet een de Beruff verfeelt,et gi Beruffer wou een sech vir Sue verkeeft,an ech hoffen dat, dat hei net esou ass.

Wa Gilsduerf sech trenne wëllt dann ass dat sou,an der Geschicht sinn der schonns vill ausernee Gaangen an sech aneren ugedéngt hu.Bei Gilsduerf kann ee soen dat et jo schonns Dikrich ass, komm mir fänken domat un dat mir Gilsduerf lo Dikrich nennen an dat Gilsduerf vun Dikrich verwalt gëtt.

Mat der Nordstad kann een et maache wéi et vir Europa ugeduecht ass, en Europa vun de verschiddenen Geschwindegkeeten, woufir, wann et muss sinn, net eng Nordstad vun de verschiddenen Geschwindegkeeten.Wann Nordstad gutt leeft, kann all Anere matmaachen.Et gouf virun 2000 Joer schonns eng Erkenntnis déi ech hoffen dann och zum droe kennt.


„Als sich der ältere Sohn, der dem Vater die ganze Zeit über treu gedient hat, über das Verhalten des Vaters beklagt, entgegnet dieser: „Mein Kind, du bist immer bei mir, und alles, was mein ist, ist auch dein. Aber jetzt müssen wir uns doch freuen und ein Fest feiern; denn dein Bruder war tot und lebt wieder; er war verloren und ist wiedergefunden worden“ (Lk 15,31 EU).


Ech freeë mech den neie Politikstil vun de Petitiounen an der Chamber ze gesinn, do ginn och Saachen ofgestëmmt déi engem net passen (well e jo selwer vill méi dovu versteet wéi déi),ma lo brauch een nëmmen Ënnerschrëften ze sammele fir Decisounen a Gesetzer an der Chamber erëm réckgängeg ze maachen,flott Zukunft.

Nordstad heescht guer net Nordstad,

wat mussen do vill Saachen ëmbenannt ginn!!!!!


Manchmal erhält die neu fusionierte Gemeinde auch einen neuen, neutralen Namen. Ein Beispiel dafür ist die Stauseegemeinde, die 1979 durch die Fusion der Gemeinden Mecher und Harlingen entstanden ist. Welchen Namen eine mögliche neue Nordstad-Gemeinde trägt, ist noch nicht klar. Das ist eine Entscheidung, die die politischen Vertreter der fünf Fusions-Gemeinden noch treffen müssen.

https://www.nordstad.lu/fusi.../was-ist-eine-gemeindefusion/

Referendum

Ob eine Fusion stattfinden soll oder

nicht, werden schließlich die Bürger*innen

in einem Referendum, also einerJa/Nein-

Abstimmung, befragt.


Also Bierger kennen soe Jo oder Nee

Die Gemeinderäte

und das Parlament werden daraufhin

über eine Gemeindefusion entscheiden

Also, Bierger därfen entscheeden ob se eng Fusioun wellen,awer "Gemeinderäte" an "Parlament" entscheeden et dann awer.


Komische Referendum wou keen sech drun hällt




https://www.nordstad.lu/files/101223.pdf     Säit 53

Léif Matbierger.

Wiert Iech elo nach géint déi Nordstad är et ze spéit ass, schwätzt mat ären Vertrieder dat Dir dat net wëllt, hu Dir emol JO gesot, da leit Kand am Pëtz.
Kontakt  Email: nordstadnee@gmail.com
Kontakt  Email: nordstadnee@gmail.com
Kontakt  Email: nordstadnee@gmail.com