Nordstad

NEE

Léiff Nord-Statistinnen an Nord-Statisten

Nordstad Nee

Double click to start editing the text

Double click to start editing the text

Double click to start editing the text

Double click to start editing the text

Was beim Referendum in Erpeldingen auf dem Spiel steht


„Damit entscheiden die Erpeldinger gewissermaßen mit über das Schicksal von mehr als 20.000 Mitbürgern der Nordstad.„


( et sinn der 22204)


„Zusammenarbeit im Gemeinderat möglich, wenn die Fusionsfrage weiterhin wie ein Damoklesschwert über den Köpfen hängt. Wir gehen davon aus, dass wir im Gemeinderat wieder besser zusammenarbeiten können, wenn die Frage geklärt ist.“


Fusioun geet virunn,Problemer bleiwen.


„Es gab in den Arbeitsgruppen, in denen sich Vertreter der Schöffenräte regelmäßig treffen, bisher nicht einen Moment, in dem man als Politiker einer „kleineren“ Gemeinde das Gefühl hätte haben können, bevormundet zu werden. Es wurde stets auf Augenhöhe diskutiert, niemand hielt sich für wichtiger. Auch die Zugehörigkeit zu verschiedenen Parteien spielte nie eine Rolle, und Kirchturmpolitik wurde schon gar nicht betrieben.“


Kierchtuermspolitik ass dach wann ee Buergermeeschter seet, mir si Mëtt an Häerz vun Der Nordstad, dofir brauche mir en neit Gemengenhaus, eng Coque, eng Schwemm, eng Gare, ee Parkhaus, eng Schoul an eiser Gemeng, déi aner däerfen dann dovu profitéieren.


„Derzeit erhält die Gemeinde Erpeldingen fünf Prozent staatlicher Zuwendungen mehr als ihr normalerweise zustehen. Sozusagen als Ansporn, die Fusionsbestrebungen voranzutreiben.“


Zockerbrout a Peitsch, a wann een all déi Projeten héiert déi solle gebaut ginn,si 5% en Trouschtpräis.


„Die Frage ist, behält die Gemeinde diese fünf Prozent, wenn es nicht zur Fusion kommt? Das darf bezweifelt werden, niemand kann das aktuell beantworten.“


Also kann et awer och si wann se zesumme schaffen, dat se déi Sue kréien, a wann een dann zesumme schafft an all déi Iddien déi lo vun 1973 bis haut gesammelt goufen ëmgesat huet, dat een dann zesumme Fusionéiert wa Resultat méi kloer ass, wéi dat fëschen am Niwwel vun Haut.

A wat e méi eng grouss Famill huet, brauch een automatesch méi Geld, wat een da wann et engem feelt iwwert Taxe muss ran huelen.


„dem Bürger mehr zu bieten“


Wien huet de Bierger da gefrot wat e brauch, dat sinn allgemeng Floskelen


„Ja, es gibt bereits einige Ideen, wie zum Beispiel eine Nordstad-Arena, bedeutende Verbesserungen in Sachen Mobilität oder bei der Trinkwasserversorgung, die Aufwertung der Flussufer, Hochwasserschutz, ein Altenheim. Besonders bei der Verbesserung der Verkehrssituation versprechen wir uns,“


Am TR-Engineering MG/MBL/H091547/RP13H001.DOC – Rév. 0 – 16/04/2013

9 NEUKONZEPTION DER WASSERVERSORGUNG


Wie aus dem vorangehenden Fazit ersichtlich wird, ist die Versorgungssituation der Ortschaften Erpeldange und Ingeldorf bereits aktuell nicht positiv zu bewerten. Langfristig werden sich bei steigender Einwohnerzahl die bestehenden Probleme (Volumendefizit) weiter verstärken und zusätzlich neue Probleme (Netzüberlastungen) auftreten.


Also mam Waasser vun der DEA an de Leitunge vun dem Stausee, ass sou eng Fro, wa laut dem "TR-Engineering" et net mam Waasser duergeet, an am Summer de Stausee kee Waasser huet, wat wëllt een dann drénken, wou hellt ee Waasser vir sech ze wäschen an ze spullen, mat der Previsioun vun anscheinend dausende Mënschen déi Ierpeldeng grouss maache sollen.


Verkéierssituatioun: aus dem :Mobilitéitskonzept Leitbild Nordstad 2035: ass ze erkennen dat mir fir de Verkéier an der Zukunft dofir keng Fusioun brauchen.


„Sicher ist, dass jede einzelne Gemeinde ihr großes Projekt bekommen wird,“


a wat maache Bierger mat esou Saache wéi déi ( Prestige )Projeten déi komplett lascht Bedierfnisser a Wënsch vun  de Bierger ginn, an dofir Suen ausginn déi net do sinn.


Wenn wir am Sonntag grünes Licht bekommen, werden wir versuchen, diesen Austausch wesentlich zu intensivieren. Die Nordstadfusion wäre die größte im Land bisher.


Lo no all der Zäit wëllen den den Austausch intensivéieren, an se ass déi gréisste Fusioun déi et bis elo gouf, näischt wou een sech e Beispill kennt huelen an orientéieren ob sou eppes klappt, e  Vabanque Spill, also e Glécksspill Hopp oder Topp.


Vor allem wollen wir wissen, wie hoch seine finanzielle Zuwendung wäre und wie es mit der Finanzierung der von uns vorgeschlagenen Projekte aussieht.


Wéi eng Projete sinn et, wann se lo schonns dovu schwätzen a gäre Geld vum Staat hätte wär et schéin dat ze wëssen dat een sech Eppes virstelle kann, sot eis dach emol e puer Fakten, Loftblosen an Undeitungen, dovu kann een sech näischt kafen.


„Unterstützung in die Stadt Luxemburg sowie die Region Esch/Alzette fließt.“


An déi sinn net Fusionéiert, wann et nëmmen no der gréisst an engem Raum  geet da kënne mir och sou zesumme schaffen, eis Saachen deelen a Projeten déi eis All betreffen zesumme maachen an dofir eng Ennerstetzung vum Staat kréien.


„Es ist von der Regierung gewollt, dass die Region Nordstad neben diesen beiden zum dritten nationalen Entwicklungspol wird. Es liegt jetzt an uns, dies auch zuzulassen.“


„Regioun“ Nordstad, ass net eng zwangsleefeg Fusioun fir eng Stad.


„Wachstum hat auch nichts mit Fusion zu tun. Wir müssen uns aber darauf vorbereiten, um später gewappnet zu sein. Erpeldingen wird mit oder ohne Fusion stark wachsen. Es ist deshalb wichtig, dass die Infrastrukturen mit der zunehmenden Einwohnerzahl Schritt halten. Auch wenn beispielsweise die geplante Schule heute überdimensioniert scheint,“


Et si vun 1999 bis 2025 also 560 Leit bäikomm zu Ierpeldeng, also komme bis 2036 no de Berechnunge wéi et bis elo war an der Entwécklung déi ganz Positiv ugeholl gëtt bis 2036, 500 Leit mat 42 Kanner bei. Et si momentan 221 Kanner + déi 42 Kanner déi dobäi kommen dann 263 Kanner.

No der Ausso am LWort soll „ Sie wird Platz für doppelt so viele Kinder bieten wie die heutige Schule.„ stellt sech fro wou déi vill Kanner hier kommen „ dat duebelt vun 221 = 442 Kanner „an enger Zäit wou dach ëmmer manner Kanner gebuer ginn.

Ob Fro: "ob genügend Bauflächen vorhanden sind"

keng Äntwert, och net weem déi Terrainen gehéieren.


Wir brauchen nun mal alternative Energien, das ist die Zukunft. Dass niemand ein Windrad vor der Haustür haben will, ist ebenso klar. Aber irgendwo müssen sie hin,


Am LW steet: Der Wind dreht – auch in den Gemeinden

Also wou ass de Problem wann déi Aner Gemengen sech drëm streide fir eng Wandmillen ze kréien, hëlleft deenen dach, a gitt de Wandmillenpark an eng aner Gemeng.


„Jetzt ist der Zug abgefahren“


Ma sou eng Gemeng brauch een, eng top Léisung, et ass iewen elo sou, Basta, Pech, wann dat Politik ass fir Meschen an Awunner, da brauch een sech net ze wonnere wa Leit sou verdrësslech si mat der Politik. Fro ass, sinn déi richteg Leit um Rudder.


„Es kann jedoch nicht sein, dass wir die Entwicklung der Nordstad zu einem nationalen Pol vom Bau einer Windmühle abhängig machen. Das sind definitiv zwei Paar Schuhe.“


Wéi eng Schong stinn dann nach dohier, wann elo lo schonns sou eng „Lappalie“ wéi e Wandpark ( net 1 Wandmillen) vun e puer Awunner den Dram vun enger Haaptstad mat Zentrum Ierpeldeng zerstéiert.


„Es geht bei diesem Referendum nicht um ein Ja oder Nein zur Fusion.“


Wann ee seet dat da Fusioun riwwer ass bei engem Nee, da geet et em Fusioun. An engem Saz sech selwer widdersprach, an dat emol net viru Publikum, mee mat aller Rou an Zäit déi een hat.


„jahrelange ehrenamtliche Vorbereitungsarbeit vieler Gemeindepolitiker und auch Bürger, die sich etwa in Bürgerforen, Workshops oder Arbeitsgruppen eingebracht haben“


ni vun engem Resultat héieren, déi musse roueg geschafft hunn oder et ass wéi Niklosdag dass e Cadeau, a mir ginn da beieneen dovun iwwerrascht.


„Ein Nein würde bedeuten, dass unsere Bürger den Wahlberechtigten aus der ganzen Nordstad die Chance nehmen“


Dat géif heeschen dat e puer verstänneg Ierpeldenger an Angelduerfer a Bierdener de Rescht vun de Bierger virun enger Nordstad retten.


„Es wäre jetzt sofort der Todesstoß für eine eventuelle Fusion 2029 und würde die Entwicklung der ganzen Region auf unbestimmte Zeit stark zurückwerfen.“


Sou martialesch Wierder, et muss eng grav Zäit sinn.


Och nach eng Fusioun 2029, dat wäert si wann déi vun 2027 näischt gëtt. Se kennen et net loossen, et gëtt sou laang Fusioune bis et klappt.


Ave Nordstad




De groussen Dag ass bal do den 23.11.2025


Nee net dee vum Kleeschen awer bal sou


De Referendum iwwert Nordstad


Wat mir eis froe wann et engem aus menger Famill schlecht geet, da gi mir all dohinner fir ze froe wat en hëllefe kann, wéi et engem geet, fir een ze stäerken, fir ee moralesch erëm op ze bauen.


Bei der Nordstad hunn ech nach keng aner Gemeng gesinn oder héieren, déi der Gemeng Ierpeldeng zur Säit gestanen huet.Ech géif menge wann ech spéider soll gëeent sinn, an ech geséich wéi ee vun deene wou ech mech well zesumme schléissen sech schwéier deet fir sou een „ top,wichtegen“ Projet wéi Nordstad ze verkafen, da géifen déi aner Gemengen déi och dovu betraff sinn, deem ënnert Ärem gräifen a voll zur Säit stoe.


Wat een sech awer iere ka, kee Mënsch, keng Gemeng a Siicht.


Wann et lo schonns net klappt, wat gëtt dat dann duerno, wann alles dee selwechte Bräi ass.



Schicksalsfrage für Erpeldingen: „Allein können wir das nicht stemmen“

LW 14.10.2025


Auch die Frage nach dem künftigen politischen Gewicht Erpeldingens beschäftigt viele. „Nach ersten Überlegungen würde Erpeldingen vier Gemeinderäte bekommen, ebenso wie Schieren, und die größeren Gemeinden Diekirch und Ettelbrück jeweils neun“, erklärt Gleis. Damit käme ein 26-köpfiger Gemeinderat zustande. Es sei zudem garantiert, dass jede Gemeinde mindestens ein Mitglied im Schöffenrat stellt. Diese Regelung solle zumindest für eine Übergangszeit !!!!! gelten.


Dann huet Schieren an Ierpeldeng vill ze soen.

4 Gemengeréit fir Schieren an 4 Ierpeldeng

9 Gemengeréit fir Ettelbréck an 9 Dikrich

1 Schäffe fir all Gemeng awer nëmme fir Iwwergangszäit !!!!!


Dat heescht wann déi Zäit riwwer ass, dann ass et och riwwer mat der Herrlechkeet.

Wee gleeft dat Ettelbréck als gréisst Gemeng en anere Buergermeeschter stemmt wéi een aus hirer Mëtt.

Wee gleeft dat Dikrich sich da mat Schieren an Ierpeldeng op Aen héischt begëtt als zweet gréisst Gemeng.

Wat wëll een dann nach kamellen mat Gemengeréit. ( Gemengeréit= e Rot ginn )


Vill Gléck mat der sou verzerrter Nordstad.


Titanic léisst gréissen.


Fro ass,

woufir sou eng Risen Infrastruktur mat Schwemm,Coque,Piscine,Gare,Parkhaus an eng ze grouss Schoul, wou solle laut dem H.Gleis déi dausende Leit wunnen déi hie prognostizéiert wa kee Bauterrain do ass.Do sinn Aen och erëm méi grouss wéi de Bauterrain.

Et muss ee kucke wou Héichwaasser hi geet, bei der Laduno eng Déifgarage déi dann deier gëtt.

Et muss een sech bewosst sinn dat déi Investitioune vun Haut, Scholde vu Muer sinn.

O Nordstad, de Grössenwahn gräift em sech, an da sange mir an e puer Joer dat Lidd

„ Wer soll das bezahlen, wer hat so viel Geld“


Die Gemeinde Erpeldange kann nach den Vorgaben des PDS-L zwischen rund 9 und 15 ha an Bauflächen ausweisen, die keinerlei Beschränkungen durch die Ausweisung als zone d’aménagement différé (ZAD) unterliegen.

Der Berechnung liegen folgende Vorgaben zugrunde:

Eine Entwicklung von 20% in 12 Jahren entspräche ca. 510 neuen Einwohnern bzw. 220 Wohneinheiten,wenn man 2,3 Personen je Haushalt als Mittel annimmt. Bei einer Dichte von durchschnittlich 15 WE/ha ergäben sich rund 14,66 ha Entwicklungsflächen,bei einer angenommenen Dichte von 25 WE/ha ergäbe sich eine Entwicklungsfläche von 8,8 ha.

( Enviro Services Internationel Dewey Muller)


Im Plan directeur ZAN 2.0 finden sich hierzu folgende Zahlen:

Erpeldange Zentrum5

Bruttofläche des Plan Directeur: ca. 16,4 ha

Brutto-Geschossfläche (BGF):

• Wohnen: ca. 90.289 m²

• Büro / Dienstleistung: ca. 7.363 m²

• Handel: ca. 8.753 m²

•  Anzahl Wohnungen: ca. 620 / Anzahl

• Einwohner: ca. 1400

Öffentliche Nutzungen: ca. 5.184 m²

Halloween an der Nordstad

Gutt Noricht fir Bierden


Am Wort schreift Firspriecherin vun der Nordstad „ Der Wind dreht-auch in Gemeinden“ dat ëmmer méi Bierger a Gemengen sech Fanger dono lecke fir e Wandpark op ze riichten. Beim teutatis, et huet een awer drop hiweise missen, dat et awer nach en Duerf géif gi wat Widderstand mécht.( kee gallescht Duerf mee engt hei am Land) Et däerft jo da lo kee Problem méi sinn, dat se de Wandpark net méi zu Bierden op riichte mee do wou Bierger a Gemeng se mat oppenen Hänn op hellt.

Zenséiert vun de Medien ????????????


Et muss een sech froe wéi dat sech mat de Medien hei am Land huet.

Mir schreiwen un den Telecran wéint der Nordstad, well deen an der Summervakanz gefrot huet wéi ee Bericht dat se kënne schreiwen.

Eis Propose war e Bericht iwwert Fusiounen hei am Land ze schreiwen an déi do matter verbonnen objektiv Réckschless fir  Nordstad, dat se Fakte solle sichen an déi verëffentlechen an engem Bericht sou dat een de Projet Nordstad besser géif verstoen.


Äntwert war: guer keng


Mir schreiwen een“ Briefe an die Redaktion „ fir och emol eng aner Meenung zu Wuert kommen ze loossen.


Äntwert war: guer keng


Et kennt eis esou fir wéi wa mir net Vogue oder Queer genuch wären.

Et misst ee villäicht Genderen, et misst ee géint de Mainstream sinn.

E puer Fritten zu Bréissel, 5 Leit virun der Chamber mat engem faarwegen Fändel, 10 Leit an der Grousgass mat engem Heesche-Becher, eng Entrée vun enger Dusch ,wou een duerch den Haff muss goen, déi dann dreckeg ass wann ee mat de Schong an Dusch geet ( kann een se och selwer botzen aplaz e Bericht am Wort), alles ass méi wichteg wéi de Leit aus der Nordstad Fakten ze liwweren dat se sech ee richtegt Bild kenne maache wat op se zou kennt.


De Medien hire Storytelling ass einfach dat Nordstad gutt ass, ouni iergend eppes Plausibeles, eppes mat Hänn ze gräifendes ze hunn.


Da stellt sech eng FRO?????


Wann eis Medien ( Telecran,Wort,RTL) schonns bei der Nordstad nëmmen schreiwe wat a wéi si et wëllen, wat gëtt dann nach verheemlecht wat mir net gewuer ginn, well Noriichte schonns esou gefiltert ginn.


Wien huet do Fanger am Spill, mir hunn ëmmer gemengt bei Berichter vu Corona, dat Leit do Falsches verzielen, dat et Komescher wären, dat se mat komeschen Hitt dohier géife lafen, esou lues, wann een sech eis Medien ukuckt, an da gesäit wéi se Eis beaflossen, kann een nofillen an denken, dat mir falsch waren a verschidde Saachen, an net Sie.


Wann een am Code de déontologie vum Mediahuis liest „ Eines der Hauptziele ist es, Transparenz zu schaffen, wo immer es für die Bewertung von journalistischer Qualität wichtig ist. „ da froe mir eis wou een dat an der Zeitung erëm fënnt.


Enttäuschte Leit aus der „soi-disant“ Nordstad




rosa Brëll a fromme Wonsch

L'essentiel Online 19. Oktober 2025


Das erworbene Gewerbeobjekt umfasst das Bâtiself-Gebäude mit einer Fläche von 8843 Quadratmetern sowie einen separaten Anbau von 1356 Quadratmetern, in dem derzeit das Siemes Schuhcenter untergebracht ist.

Ass dat Zukunft?


ob hei bei dësen Äntwerten nach een eis hëllefe kann.Kee Plang, keng Richtung, keng Iddi, awer mam Kapp duerch Mauer, et ass Lëtzebuerg, domat ass Alles gesot.

https://www.chd.lu/fr/question/29303

H. Bauler André

Wou gesäit den Här Minister kloer d’Virdeeler vun enger Fusioun?

H. Léon Gloden

Wéi am Koalitiounsaccord virgesinn, wäert ech Gemengefusiounen de façon générale och an Zukunft weider ënnerstëtzen.

Wat d’Virdeeler vun enger Gemengefusioun ugeet, sinn déi ënner anerem am Kontext vun de méigleche Synergieeffekter ze gesinn. D’Gemenge si Service-Betriber fir d’Bierger, an d’Erwaardunge vun de Bierger u si ginn ëmmer méi grouss.

H. Bauler André

Wat fir konkret gemeinsam Projeten, déi an Zukunft realiséiert solle ginn, hunn déi véier restlech Nordstad-Gemengen a Gespréicher mam Inneministère ugeschwat, oder ugekënnegt?

H. Léon Gloden

Iwwer konkreet gemeinsam Projeten wäert le moment venu geschwat ginn.



Prestige-Projet zu Ierpeldeng


Et si vun 1999 bis 2025 also 560 Leit bäikomm zu Ierpeldeng, also komme bis 2036 no de Berechnunge wéi et bis elo war an der Entwécklung déi ganz Positiv ugeholl gëtt bis 2036, 500 Leit mat 42 Kanner bei. Et si momentan 221 Kanner + déi 42 Kanner déi dobäi kommen dann 263 Kanner.

No der Ausso am LWort soll „ Sie wird Platz für doppelt so viele Kinder bieten wie die heutige Schule.„ stellt sech fro wou déi vill Kanner hier kommen „ dat duebelt vun 221 = 442 Kanner „an enger Zäit wou dach ëmmer manner Kanner gebuer ginn.

E Projet deen mat 57-Milliounen ugesat ass a fir eng Gemeng oder de Staat gebaut gëtt, gëtt net fir deen Preis fäerdeg gestallt. Et kommen ëmmer Saachen dobäi déi kee Mënsch konnt am viraus wëssen an dofir gi mir vun engem Preis bei fäerdegstelle vu 70-80 Milliounen aus.

Dat een dofir onbedéngt eng Nordstad braucht fir esou een „Prestige-Projet „ op Been ze stellen a bezuelen ze kënnen ass jo da kloer.

Also de Referendum  „ la date du référendum est le 23 novembre 2025. „ muss do positiv ausgoen an dofir gëtt alles gemaach dat Bevëlkerung „ nolens volens „ dofir stemmt.

Wann ech am viraus vun aneren Nordstad-Gemenge gesot kréich dat meng Problemer an der Gemeng "Pille-Palle " wären (RTL 18.7.2025: an Ierpeldeng stellt sech och elo deels queesch wéinst enger Wandmillen no bei Bierden. ), wat géif ech do oppasse fir vun deenen fort ze kommen.


Huet schonns Een eppes Genaues héiere wat dat gëtt oder soll sinn déi Nordstad?

Héiert Dir och nëmme vill Wierder, Worthülsen ouni Bedeitung wéi e Politiker et mécht wann en näischt versteet oder dovu weess?

Maachen déi „ fantastic 4“ erëm eng Aarbechtsgrupp op, wou se Problemer verstoppe kenne soudatt et de Bierger net opfält dat se verblöt ginn an da keng Froe stelle, well se näischt gewuer ginn?

Kréie Bierger erëm gesot dat et demokratesch géif zou goen, awer Bierger är se wielen ginn esou falsch Informatioune kréien dat se schonns beaflosst goufen är se wielen, an dat et de Bierger mat sou villen falsch Informatiounen net méi opfält dat se hannergaange gi sënn,bis se gewielt hunn.
(dann fiel es ihnen wie Schuppen von den Augen).

O Trauerspill

Cui bono


Nordstad Idee ass schongs vun 1973 u gebuer ginn.1990 ass  Iddi vun der Nordstad méi konkret ginn.Am Joer 2000 huet se sech weider entwéckelt,2018 ass se nach méi serieux ginn déi Iddi.

Wann ech esou e Projet giff ufänken géiff,da géiff ech éischt e Referendum iwwert Fusioun machen an da eréicht richtig lass fueren.

Wann Bierger dogéint wären dann hätt een sech all déi Arbecht spueren kennen.Awer lo hi goen fir ze soen, lo hu mir souvill Arbecht dra gestach,lo kenne mir net méi zeréck.

Ech ka mir net virstellen dat een sech en Haus bauen léisst, an dann duerno mam Architekt de Plang besprecht  wéi Haus duerno soll ausgesinn a wéi eng Stécker Buedem ee muss kafen vir ze bauen, dat ass dat watt Nordstad-Fusioun ass,funn de Féiss op de Kapp gestallt.Et ass alles rouig bis op emol een erem Eppes héiert,awer all déi Stécker vum Puzzel ginn kee ganzt Bild.

Wat ass dat dann, wann een Bettenduerf noleeft dat se bei der Fusioun sollen derbäi bleiwen, se sou wichteg wären, ouhni si näischt giff goen.A wann dann no all Tricken déi ugewannt si ginn (nemmen positiv Berichter beim LW, RTL, ouhni dat een drun denkt dat net alles positiv ka sinn,an die Berichter sollen neutral sinn) an Bettenduerf dann awer aus der Fusioun raus ass, Bettenduerf mat de Wierder entléisst, dat et gut ass dat se fort sinn, dat et elo géing vill besser goen ouhni Bettenduerf, dat sie emmer e Steen um Been gewies wären, da kann een sech jo virstellen wat geschitt wär, wann se dobäi bliwwen wären, elo hunn déi aner 4 Gemengen emol éierlech hier Meenung zum beschte ginn.

Wann ech da gesinn dat se de Burgermeeschter aus enger klenger Gemeng als President hunn, vir him ze weisen wéi wichtech déi Gemeng wär, dann denken ech dat se een gebraucht hunn deen Arbecht mecht,dat, dat dann durno deen President eng wichtig a matt bestemmen kann wann Fusioun färdeg ass, bezweifelen ech.( der mohr hat seine schuldigkeit getan).

Ierpeldeng huet de Pech dat se zweschen Dikrich ann Ettelbréck leien (soss bräicht een se jo nett ),awer och net sou richtig sinn se verbonnen weil se leien an engem Dall erann an den Zuch an Sauer déi verhenneren den Zesummeschloss.

Wofir get Erpeldéng gebraucht.

Se kréien eng Haltestatioun fir den Zuch mat enger grousser Parkplaz dat Pendler dohinner parke kennen goen ( Ettelbréckerstroos gett jo fir mobilité douce zou gemach an da kommen se vum Friedhaff erof an de rond-point a ginn lanscht Laduno op déi Parkplaz )

Mir brauchen nach Plaze fir Hellefsbedürfteg Leit a Flüchtlinge ( um Härebierg war et fir 5 Joer geduecht et sinn der awer lo 10 Joer, mir brauche nach Plaz)

Vir Energie hier zestellen huet Ierpeldéng vill Plaz.

Wien mengt dann éierlech wann Fusioun färdech ass, dat Iepeldéng nach eppes ze kamellen hätt.Dreemt wieder.

Dofir léif Ierpeldénger,dir hutt elo nach eng Chance fir fort ze kommen, notzt se.

Et ass besser 5 Minuten virum Bestietness nee ze soen , wéi duerno sech scheeden ze loossen wat an dem hei fall vun der Fusioun net méi geet ( mit gegangen,mit gefangen, mit gehangen)

Losst eech net erpressen,stellt äre Mann a sot NEE, wéi all wierdigen mat engem A…. an der Bochs dat géiff machen.

Stellt Iech fro „ cui bono „

Et senn net Bierger,et sinn Eenzelner. Gemengen kennen och zesummen schaffen, Material notzen, méi Geld vum Staat kréien, ouni bestued ze sinn,de Staat huet jo unerkannt dat een sech och pachsen kann oder einfach sou zesumme liewen fir eng Gemeinschaft ze sinn.

Nordstad Nee



Nordstad heescht guer net Nordstad,

wat mussen do vill Saachen ëmbenannt ginn!!!!!


Manchmal erhält die neu fusionierte Gemeinde auch einen neuen, neutralen Namen. Ein Beispiel dafür ist die Stauseegemeinde, die 1979 durch die Fusion der Gemeinden Mecher und Harlingen entstanden ist. Welchen Namen eine mögliche neue Nordstad-Gemeinde trägt, ist noch nicht klar. Das ist eine Entscheidung, die die politischen Vertreter der fünf Fusions-Gemeinden noch treffen müssen.

https://www.nordstad.lu/fusi.../was-ist-eine-gemeindefusion/

Referendum

Ob eine Fusion stattfinden soll oder

nicht, werden schließlich die Bürger*innen

in einem Referendum, also einerJa/Nein-

Abstimmung, befragt.


Also Bierger kennen soe Jo oder Nee

Die Gemeinderäte

und das Parlament werden daraufhin

über eine Gemeindefusion entscheiden

Also, Bierger därfen entscheeden ob se eng Fusioun wellen,awer "Gemeinderäte" an "Parlament" entscheeden et dann awer.


Komische Referendum wou keen sech drun hällt




https://www.nordstad.lu/files/101223.pdf     Säit 53

Léif Matbierger.

Wiert Iech elo nach géint déi Nordstad är et ze spéit ass, schwätzt mat ären Vertrieder dat Dir dat net wëllt, hu Dir emol JO gesot, da leit Kand am Pëtz.
Kontakt  Email: nordstadnee@gmail.com